CovidCheck am Gemengenhaus

Veröffentlicht: 19.11.2021

Vun e Méindeg, 22. November 2021 u gëllt de CovidCheck-Regime an ausgeschëlderte Beräicher vum Gemengenhaus. Dëst gëllt fir all d‘Gemengeservicer ausser fir de Biergerzenter.

Fir dass jiddereen offiziell Prozeduren an/oder gesetzlech Verflichtungen ausféiere kann, bleiwen d’Büroe vun der Receptioun an der Populatioun um Rez-de-Chaussée zougänglech an ënnerleien net dem CovidCheck-Regime.

Hei gëllen d‘Maskepflicht an d’Respektéiere vun den aktuelle Mesüren.

All d’Gemengeservicer ausser de Biergerzenter funktionéiere just op Rendezvous: T. 23 69 2-1 / info@remich.lu.

Zurück