COVID-19-Auto-Schnelltest mat Certificat

Veröffentlicht: 05.06.2021

*** Un d’Awunner aus der Stad Réimech

De Schäfferot vun der Stad Réimech bitt hiren Awunner(innen) d’Méiglechkeet fir sech gratis engem zertifiéierten Auto-Schnelltest ze ënnerzéien, dëst am Kader vum neie COVID-Gesetz.

Wou:

  • Al Schoul (1, rue Neuve)

Wéini:

  • Samschdeg, 05.06 vun 10:30-12:30 Auer
  • Dënschdeg, 08.06 vun 10:30-12:30 Auer
  • Mëttwoch, 09.06 vun 10:30-12:30 Auer
  • Donneschdeg, 10.06 vun 10:30-12:30 Auer
  • Freideg, 11.06 vun 10:30-12:30 Auer
  • Samschdeg, 12.06 vun 10:30-12:30 Auer

 

WICHTEG!

Dësen Test gëtt net vun engem Agent vun der Gemeng gemaach, mä vun Iech selwer! Den Test gëtt just vum Agent iwwerwaacht.

Den Test gëtt vun engem Gemengenagent zertifiéiert. En ass 24 Stonne gëlteg an erlaabt Iech den Accès an d’Horesca-Betriber. Dir kënnt och en zertifiéierten Test géint Bezuelung an der Apdikt maachen. D’Méiglechkeet besteet och Iech selwer direkt am jeeweilegen Horesca-Betrib ze testen.

***Des Tester si just fir d’Awunner(innen) aus der Stad Réimech!

 

DIR MUSST MABRÉNGEN:

  • Carte d’identité oder Pass
  • Carte de sécurité sociale

 

*** Wann Dir Symptomer hutt, gitt weg bei de en Dokter.

Zurück