Sensibiliséirungscampagne „Zesummen ënnerwee“

Veröffentlicht: 26.07.2021

D’Sensibiliséierungscampagne Zesummen ënnerwee vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet als Zil de respektvollen Ëmgang tëscht de Vëlosfuerer a Foussgänger ze promouvéieren.

Dës Campagne wëll d’Cyclisten an d‘ Foussgänger op d’Wichtegkeet vun einfache Gesten a Praktiken am ëffentleche Raum opmierksam ze maachen, fir Konflikter am Verkéier ze vermeiden.

Hei sinn eis 10 Tipps fir e respektvollen Ëmgang tëschent Vëlosfuerer a Foussgänger:

  1. Lénks zu Fouss, riets mam Vëlo
  2. Vitesse upassen
  3. Ofstand suergt fir Sécherheet
  4. Schelle virum Iwwerhuelen
  5. Bléckkontakt
  6. Moien a Merci
  7. Richtungswiessel ukënnegen
  8. Haart Musek an Handy vermeiden
  9. Den Hond un d’Léngt
  10. D ‚Ëmwelt respektéieren

Méi Infoen hei

Zurück