Aktioun Wëllstauden

Veröffentlicht: 16.12.2022

Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft eis Gemeng dorun, fir de Bestëbserinsekten erëm méi Pollen- a Nektarquellen ze bidden.

Aus deem Grond huet de Schäfferot decidéiert, fir d’Bierger bei der ekologescher Gestaltung vun hire Gäert a Balkonen ze ënnerstëtzen. Mir wëssen, dass d’Plaz an Äre Gäert begrenzt ass, an dofir hu mir eis fir dëst Joer zesumme mam SIAS eng nei Aktioun iwwerluecht, mat där Dir Äre Gaart ästhetesch an ekologesch opwäerte kënnt an de Bestëbserinsekten eng wichteg Nahrungsquell bitt.

Mir offréieren dofir all Haushalt aus der Stad Réimech e Pak mat 6 Wëllstaude fir ronderëm d’Haus ze planzen. Fir mat ze maache musst Dir de Formulaire bis spéitstens den 28. Februar 2023 an der Gemeng areechen.

D’Staude si gratis a mussen op en Terrain geplanzt ginn, deen Iech gehéiert. Am beschte planzt Dir d’Stauden op eng sonneg Plaz ronderëm Äert Haus (bei der Liwwerung kritt Dir och eng Uleedung mat Informatiounen zu deene verschiddene Stauden). Dir musst eng Fläch vun engem Quadratmeter fir déi 6 Staude virgesinn.

D’Staude ginn am Fréijoer 2023 un déi interesséiert Bierger verdeelt.

Fir weider Froen:

Tom Dall’Armellina (Biologesch Statioun SIAS)
T. (+352) 34 94 10 – 32
E. t.dallarmellina@sias.lu

Méi Infoen zu verschiddene Stauden an hirem Notzen an der Natur fannt Dir op www.sias.lu.

Zurück