D’Sensibiliséierungscampagne „Zesummen ënnerwee„ vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet als Zil de respektvollen Ëmgang tëscht de Vëlosfuerer a Foussgänger ze promouvéieren.
Dës Campagne wëll d’Cyclisten an d‘ Foussgänger op d’Wichtegkeet vun einfache Gesten a Praktiken am ëffentleche Raum opmierksam ze maachen, fir Konflikter am Verkéier ze vermeiden.
Hei sinn eis 10 Tipps fir e respektvollen Ëmgang tëschent Vëlosfuerer a Foussgänger:
- Lénks zu Fouss, riets mam Vëlo
- Vitesse upassen
- Ofstand suergt fir Sécherheet
- Schelle virum Iwwerhuelen
- Bléckkontakt
- Moien a Merci
- Richtungswiessel ukënnegen
- Haart Musek an Handy vermeiden
- Den Hond un d’Léngt
- D ‚Ëmwelt respektéieren
Méi Infoen hei