Hellëf fir d’Ukrain

Veröffentlicht: 03.03.2022

D’Stad Réimech ënnerstëtzt d’Sammelaktioun fir d’Ukrain vun der Gemeng Munneref.

Ladek-Zdroj, déi polnesch Partnerstad vun der Gemeng Munnerf, hëllt vill Flüchtlingen aus der Ukrain op.

Wann Dir Material a guddem Zoustand hutt, dat Dir wëllt spenden, da kënnt Dir dat e Samschdeg op Réimech an den Atelier (51, route de Stadtbredimus) tëscht 10 – 18 Auer bréngen.

Gebraucht ginn:

  • Matrassen, Schlofsäck, Decken, Diwwien, Këssen, Bettwäsch, Hand- a Bueddicher
  • Sanitärproduiten fir Kanner, Wëndelen, Toilettepabeier, Nueschnappecher, Binden, Tamponen
  • Botzmëttel
  • Schoul- a Spillsaachen fir Kanner (näischt wat ausernee fält, z.B. kee LEGO !)
  • Batterien a POWERBANKS (wichteg !!)
  • Iesswueren, déi haltbar sinn (Béchsen)
  • Käerzen, Fixfeier
  • grouss Plënnerkëschten

D’Gemeng Munneref iwwerhëlt mat der wäertvoller Ënnerstëtzung vun CFL Multimodal den Transport op Ladek-Zdroj.

Zurück