Grenzbréck Réimech-Nenneg gespaart | 11.-13.10.2025

Publié: 06.10.2025
🚧🚧 Grenzbréck Réimech-Nenneg gespaart | 11.-13.10.2025 bis um 05:00 Auer
 
🟠 B 406 – Aarbechten Perl – Nennig
 
Den däitsche Landesbetrieb fir Stroossebau (LfS) huet matgedeelt, dass samschdes, den 11. Oktober 2025 mat dréngende Fräs- an Asphaltaarbechten un der Bréck 153 op der B 406 zu Perl-Nennig ugefaange gëtt. 
Bedéngt duerch déi schmuel Strooss ginn d’Aarbechten ënnert Vollspäerung duerchgefouert. De Verkéier gëtt iwwer Perl a Schengen op Réimech ëmgeleet an ëmgedréint an d’Ëmleedung ass ausgeschëldert.
Ännerungen am Busverkéier gi vun de jeeweilege Bedreiwer matgedeelt. 
Den LfS rechent mat Problemer am Verkéier. 
Wiederbedéngten Ännerungen am Zäitplang si méiglech. 
Back