Chèque-service (CSA)

Fir vum CSA-System kënnen ze profitéieren, mussen d’Eltere bei der Gemeng eng CSA-Kaart ufroen, déi op den Numm vum Kand ausgestallt gëtt.

Elteren, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, mussen sech un d’Keess fir d’Zukunft vum Kand (Caisse pour l’avenir des enfants) adresséieren.

D’myCard fir Kanner erlaabt den Zougang zum gesécherte Beräich vun der Internetsäit www.staarkkanner.lu, déi eng Rei vu Funktionalitéiten a Virdeeler ubitt :

  • Zougang zum pädagogesche Material, dat dem Alter vum Kand ugepasst ass,
  • Abléck an d’Rechnunge souwéi d’Ofrechnunge vun all Mount vum CSA,
  • Festleeë vun de Wochen am Kader vun der méisproocheger Erzéiung (1 bis 4 Joer).

Dës myCard gëllt fir déi ganz Grondschoulzäit. Den CSA-Bäitrëttskontrakt gëtt zwar all Joer erneiert, ma et gëtt keng nei Kaart. Wann d’myCard verluer geet, mussen d’Elteren op d’Gemeng resp. d’Keess fir d’Zukunft vum Kand (Caisse pour l’avenir des enfants) goen an do eng nei Kaart ufroen.

Méi Infoen um Site vum Ministère de l’Education, de l’Enfance et de la Jeunesse