Ëmweltberoder

Den 31. Juli 2022 gouf d’Gesetz iwwer de Naturpakt gestëmmt. D’Gemenge sollen hei iwwer verschidden Hëllefen dozou ugereegt gin fir Naturschutzmoossnamen ëmzesetzen an esou hirer wichteger Roll am Naturschutz gerecht ze ginn. Fir d’Erreeche vun den Ziler kréien d’Gemengen e Beroder zur Verfügung gestallt deen d’Gemeng bei hire Projeten ënnerstëtzt.

Den Ëmweltberoder ass den Uspriechpartner vun der Gemeng fir naturschutzrelevant Themen. Hien gëtt Infoen a Berodung iwwer den Natur- a de Waasserschutz.

Bei Froen zum Aarteschutz, der natierlecher Gestaltung vun engem Grondstéck, iwwert d’Landwirtschaft, Biodiversitéitsprogrammer oder änlechen Theme kann den Ëmweltberoder eng berodend Funktioun hunn a Projeten ënnerstëtzen.

D’Zertifizéierung beim Naturpakt gesäit 4 Stufe vir: Basis, Bronze, Sëlwer oder Gold. Jee nodeems a wéi enger Stuf d’Gemeng zertifiéiert gouf ka se Subventioune fir hir Leeschtunge kréien.

Ziler vum Naturpakt:

  • Schutz an Erhalung vun der Natur an de natierleche Ressourcen am Allgemengen
  • Kampf géint de Réckgang vun der biologescher Vilfalt an d’Reaktivéierung vu Biotopen a Liewensraim
  • Restauréierung vun der ökologescher Connectivitéit
  • Resistenz vun den Ökosystemer géigeniwwer vu verschiddene Facteuren
  • Restauréierung vun den Ökosystemdéngschtleeschtungen.

Weider Infoen iwwer de Naturpakt: pactenature.lu