Recyclingcenter

De Recyclingcenter “Am Haff” vun der Firma Hein ka just vun Awunner aus der Stad Réimech déi eng Zougangskoart hu genotzt ginn.

Informatiounen iwwert d’Koart an hir Notzung:

  • D’Koart kascht 10 € a se gëtt an der Gemeng ausgestallt.
  • Et ka just 1 Koart pro Haushalt ausgestallt ginn.
  • Bei Verloscht oder Beschiedegung kann eng nei Koart fir de Präis vu 25 € ausgestallt ginn. Déi al Koart gëtt dann automatesch gespaart.
  • Beim Plënneren ausserhalb vun der Gemeng gëtt d’Koart automatesch gespaart.
  • D’Notze vun der Koart ass de Persounen aus dem selwechten Haushalt virbehalen. Bei Abus gëtt d’Koart fir 1 Joer gespaart.

D’Hausuerdnung vun der Firma Hein muss zu all Moment befollegt ginn.

 

NEI am RECYCLINGCENTER – de Projet Social ReUse!

Gitt Ären elektreschen an elektroneschen Apparater en 2. Liewe mam Projet Social ReUse.

Weider Informatioune fannt Dir um Flyer.