Consultatioune fir Bëbeen a kleng Kanner

D’Zil vun dëse Spriechstonnen ass et d’Gesondheet vun de Kanner tëscht 0 a 4 Joer am A ze iwwerwaachen an ze erhalen, a net krank Kanner ze behandelen.

Ziler :

  • en Uspriechpartner fir d’Eltere bidden
  • d’Elteren ze verstoen, ze informéieren an ze beroden

Leeschtungen:

  • d’Kanner moossen, weien an ënnersichen
  • Informatiounen a Rotschléi betreffend Präventioun, Nieren, Ernierung vu Puppelcher, Bëbeeartikelen, Gesondheet, harmonesch Entwécklung a Wuelbefanne vum Kand
  • soziale Berodung a Begleedung duerch eng Assistante sociale
  • Orientéierungshëllef bei administrativen Demarchen

Accueil a Berodung vun:

  • engem Dokter
  • enger Kannerinfirmière oder enger Assistante sociale