Eltereschoul

D’Eltereschoul ass de preventive Service vun der Fondatioun Kannerschlass.

E gouf am Joer 2002 gegrënnt a riicht sech un all Elteren (vun zukünftegen Eltere bis Eltere vu Jugendlechen), déi sech wëlle begéinen, diskutéieren a sech am Grupp iwwert d’Eltere sinn, d‘Erzéiung vun de Kanner an den Alldag an der Famill austauschen.

D’Ostantenne regroupéiert mëttlerweil 6 Gemengen (Betzder, Iechternach, Gréiwemaacher, Jonglënster, Réimech a Schengen), huet hire Sëtz zu Réimech a gëtt vun der Madamm Patrice Moes-Gretsch (diploméiert Erzéierin a Familljentherapeutin) koordinéiert. Mat dëser Antenne kann d’Eltereschoul hire Aarbechtsberäich an dëser Regioun vum Land erweidere fir esou op d’Nofro vun den Elteren a Leit déi am Erzéiungs- a Sozialberäich schaffen ze reagéieren.

D’Aktivitéiten si fir:

  1. Elteren
    D’Eltereschoul ënnerstëtzt a begleet d’Eltere bei der Erzéiung vun hirem Kand an huet als Zil Präventioun. D’Eltereschoul ass keng individuell Berodungsplaz, mee eng Ulafplaz fir en éischten Orientéierungsaustausch.
  2. Leit déi am Erzéiungs- a Sozialberäich schaffen
    An enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen, Elterevereenegungen, Crèchen, Maison Relaisen, Schoulen, … kënne méiglechst vill Elteren erreecht ginn. Dës Kollaboratioune kënnen ënner verschiddene Forme stattfannen: Konferenz, Table Rondes, Coursen zu spezifeschen Themen, Workshops oder souguer Coaching.
  3. Entreprisen, Banken …
    Zanter net all ze laanger Zäit gëtt et och d’Méiglechkeet fir Partnerschafte mat Entreprisen, Banken, ….. Hei kann d’Eltereschoul d’Personal mat Kanner mat Rotschléi ënnerstëtzen an hinnen esou erméiglechen e bessert d’Gläichgewiicht tëscht dem Beruffsalldag an dem Familljeliewen ze fannen.

Programm

Eltereschoul am Présentiel – Offer fir Crèchen, Maison Relaisen, Schoulen, …

Duerch eng enk Zesummenaarbecht mat Institutiounen a Servicer aus dem sozio-edukative Beräich ass et méiglech d‘Elteren do ze begéine „wou se sinn“.  D’Offer ëmfaasst souwuel thematesch Aktivitéite  vun enger Unitéit wéi awer och Coursen, Diskussiounsgruppen, Elterenecker…

Eltereschoul online – Webinaire fir Elteren

Mat der Eltereschoul Doheem, ginn den Eltere méi wéi 30 verschidde Webinairen an Online-Course iwwert d’Erzéiung, d’Entwécklung vum Kand an och d’Familljeliewen ugebueden.

D’Episode vun  “Ee staarkt Team”, eisem Podcast iwwert d’Erzéiung a Lëtzebuerger Sprooch,  sinn op der Internetsäit esou wéi op alle gängege Plattformen ze fannen.

Eltereschoul dobaussen

Am Kader vun Eltereschoul dobausse sinn d’Intervenanten op Spillplazen, Mäert oder bei grousse Manifestatioune present fir den Elteren ee Rot, eng kleng Hëllefsstellung ze ginn oder mat hinnen iwwert d’Erzéiung ze schwätzen.

Elterecafé

An den EltereCaféen treffe sech Elteren, Grousselteren an all déi déi sech fir d’Erzéiung interesséieren. Kommt laanscht, mat oder ouni Kanner, fir Iech an engem flotten an agreabele Kader auszetauschen an ze diskutéieren!

 

De komplette Programm mat allen Aktivitéiten am Presentiel an Online fannt Dir ënnert : https://www.kannerschlass.lu/fr/nos-services/eltereschoul/agenda