Héichwaasser

Infoen iwwert d’Peegelstänn vun der Musel fannt Dir hei:

  • Peegel Réimech:
    • D’ganz Joer iwwer: (+352) 26 66 09 18
    • Bei Héichwaasser: (+352) 90 07 18 26
  • All d’Infoen fannt Dir och op der Internetsäit vum Waasserwirtschaftsamt

Referenzwäerter bei Héichwaasser zu Réimech:

  • 450 cm Ufank vun der Phase de vigilance
  • ca 460 | Iwwerschwämmung Parking du Port (ënnert der Bréck)
  • 495 cm | Kräizung Gare Routière
  • 518 cm | Rue du Pont / Esplanade
  • 535 cm | Rue de Macher / Rue du Camping
  • 550 cm | Rue de l’Hospice / Rue de Macher
  • 555 cm | Rue de Macher / Rue Neuve
  • 575 cm | Rue de Macher (al Apdikt)
  • 625 cm | Kräizung Maatebierg / Route de Stadtbredimus
  • 650 cm | 15, place du Marché

 

Fir d’Haushalter, déi am potentiellen Héichwaassergebitt leien:

  • All Haushalt sollt Gummistiwwelen, resp. Fëscherboxe fir den Noutfall hunn.
  • Vun engem gewëssene Peegelstand u fiert e Waasser-Taxi. Dëse kann dann ënnert der Nummer 621 888 111 (d’Nummer ass just ab engem gewëssene Peegelstand aktiv) tëscht 6 an 22 Auer bestallt ginn. Ausserhalb vun deenen Zäiten muss den 112 geruff ginn.