Crèche Muselnascht

D’Crèche Muselnascht ass eng a.s.b.l., déi mam Educatiounsministère konventionéiert ass.

D’Kanner gin duerch diploméiert Erzéier(innen) betreit, ganz oder hallef Deeg an dëst an 3 Gruppen:

  • Grupp „Bei de Maisercher“ – 10 Kanner vun 2 Méint bis 2 Joer
  • Gruppe „Bei den Hummelen“ a „Bei de Quakerten“ – 26 Kanner vun 2 bis 4 Joer

Betreiungszäiten si vu méindes bis freides ëmmer vu 7 bis 19 Auer.

Déi wichtegst Ziler:

Vertrauensvoll Bezéiungen

  • D’Kanner sollen sech an de Gruppe wuel fillen a gären an d’Betreiung kommen.
  • D’Agewinnungsphase gëtt un d’Kanner ugepasst.
  • D’Elteren hunn ëmmer d’Méiglechkeet sech bei Froen oder fir Réckmeldungen un d’Erzéier ze wenden.

Selbststännegkeet

  • D’Kanner ginn hire Fäegkeeten no gefërdert (Sprooch, Beweegung, Motorik, …..).
  • D’Kanner entscheede wat a wéi vill se iesse wëllen.
  • D’Kanner léieren sech eleng un- an ausdoen.

Sozialverhalen

D’Kanner léieren

  • den Ëmgang an Zesummesinn mat anere Kanner,
  • aner Kanner, hir Handlungen a Meenungen ze respektéieren,
  • ze deelen,
  • sech géigesäiteg ze hëllefen,
  • verschidden an alternativ Kommunikatiounsméiglechkeeten,
  • d’Sprooch fir sech sou besser auszedrécken,
  • vun den Erzéier, dass all Kand d’selwecht ass.

De Schwéierpunkt bei der Betreiung läit och nach an der Beweegung: d’Kanner kréie genuch Méiglechkeete fir aktiv ze sinn (Turnen, Schwammen, Air-Tramp, spadséiere goe …).