Museksschoul

Regional Museksschoul Munneref

Zanter dem Schouljoer 2022/2023 gëlle folgend Taxe fir d’Musekscoursen:

  • gratis fir all Coursen a Niveaue fir Schüler déi den 1. September vum Schouljoer 25 Joer oder manner hunn
  • Minerval vun 100 € pro Schouljoer a Cours fir all d’Coursen a Niveaue fir Schüler déi den 1. September vum Schouljoer 26 Joer oder méi hunn
  • Course fir Orchesterformatioun (Instrumentalensembel) si gratis
  • no 3 Woche Cours muss déi komplett Taxe bezuelt ginn, och wann de Cours fréizäiteg ofgebrach gëtt
  • d’Umeldunge ginn online iwwert déi offiziell Internetsäit vun der Museksschoul Munneref gemaach.

Regional Museksschoul Sydrall

Zanter dem Schouljoer 2022/2023 gëlle foglend Taxe:

Artikel 1: Umeldegebühr

Kollektivcoursen

Kanner (Studenten) Erwuessener
Musikalesch Fréierzéiung Gratis /
Musikalesch Ausbildung (1-4) Gratis 100 €
Musikalesch Ausbildung (5-6) 50 € 100 €
Chouergesang Gratis 100 €
Kammermusek 75 € 100 €
Instrumentalensembel / Perkussioun 75 € 100 €
Instrumentalensembel / Instrumentalensembel Avancés Gratis Gratis

Eenzelcoursen (Instrumenter, klassesche Gesang, Gesang fir Musicals)

Kanner (Studenten) Erwuessener
Instrumental Fréierzéiung Gratis /
Ënneschte Niveau (1-2) Gratis 100 €
Ënneschte Niveau (3-4) 75 € 100 €
Mëttelniveau 75 € 100 €
Erwuessenenausbildung (Éischtausbildung, Weiderbildung) / 100 €

Artikel 2:

Als erwuesse gëllt all Persoun, déi den 1. September vum betraffene Schouljoer volljäreg ass.

Artikel 3:

Persounen, déi net zu Réimech wunne ginn akzeptéiert:

  • wann se oder hir Elteren zanter mindestens 2 Joer aktive Member an engem Museksveräi vun der Stad Réimech sin,
  • wann se zu Réimech an der Grondschoul sinn,
  • wann se schonn ageschriwwe waren.

Aner Persounen, déi hire Wunnsëtz net zu Réimech hunn, ginn net ugeholl.

Artikel 4:

Bei all Cours dee net gratis ass muss 1/3 vun der Taxe bezuelt ginn och wann d’Persoun guer net um Cours deelhëlt oder sech am Laf vum 1. Trimester entscheet de Cours ofzebriechen.

Wann de Cours nom 1. Trimester ofgebrach gëtt, muss déi komplett Taxe bezuelt ginn.

Artikel 5: Locatioun a Flécke vun den Instrumenter

Locatioun vun engem Holz- oder Blosinstrument: 100 € – um Ufank vum Schouljoer ze bezuelen, Opbereedung a Flécke vum Instrument bei normaler Notzung abegraff.

Artikel 6:

All aner Reglementer iwwer Taxe fir d’Museksschoul si mat dësem Reglement opgehuewen.