
Den NightRider ass e Ruffbus fir owes.
Op Ufro hëlt en d’Clientë freides a samschdes tëscht 17:30 Auer a 5:00 Auer moies vun hirem Doheem of a bréngt se op eng Destinatioun zu Lëtzebuerg.
Dir kënnt einfach iwwer den Online-Buchungssystem buchen, dee 24 Stonnen den Dag, siwen Deeg an der Woch disponibel ass, oder per Telefon um 9007 10 10 vu Méindes bis Freides tëscht 08:00 a 17:00 Auer.
Beim NightRider ginn och aner Passagéier ënnerwee matgeholl an erausgelooss. Aus dësem Grond fiert de Night Rider seelen um direkte Wee op Är Wonschdestinatioun, mécht awer och keng grouss Ëmweeër.
Fir dëse Service ze benotzen, braucht Dir eng Night Card, déi Dir an der Receptioun vun der Gemeng ufroe kënnt.
Weider Informatiounen: Nightrider.lu
OPGEPASST !
Vum 24.12. bis den 26.12.2026 inklusiv an den 01.01.2027 gëtt de NightRider-Service net ugebuede.
Den 31.12.2026 funktionnéiert de Service wéi gewinnt.