Energie-Berodung | Klima Agence

Gutt informéiert sinn iwwert d’Energiekris an de Klimaschutz

Déi energeetesch Grondberodung ass neutral a gratis an erméiglecht et Iech Äre Projeten am Kader vun nohaltegem Wunnen an nohalteger Mobilitéit unzegoen. Esou kritt Dir zum Beispill gewise wéi Dir Är al Heizung duerch eng méi ëmweltfrëndlech Léisung ersetze kënnt oder Stroum mat Hëllef vun der Sonn kënnt kreéieren.

Et ass eng Kooperatioun tëscht Ärer Gemeng an der Klima-Agence, Ärem Partner fir Energie- a Klimatheemen.

D’Zil vun der Berodung ass et, Iech iwwer folgend Theemen ze informéieren, ze beroden an ze sensibiliséieren:

  • Energiespueren am Alldag;
  • nohalteg an energeetesch Renovéieren;
  • nohalteg Bauen;
  • Heizléisungen fir Äert Doheem;
  • erneierbar Energien;
  • Kreatioun vu Stroum an Eegeverbrauch;
  • elektresch Mobilitéit;
  • den Energiepass;
  • déi verschiddeSubventiounen.

Äre personaliséierten Energiecheck op Rendezvous

Déi perséinlech Engeriegrondberodung ass entweder direkt bei Iech doheem (just bei Renovéierungsprojeten) oder iwwer Videokonferenz, resp. Telefon op entweder lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch. D’Käschte gi vun der Klima-Agence an Ärer Gemenge iwwerholl.

Huelt Iech nach haut e Rendezvous!

Weider Themen: