Offallsammlungen

Haus-zu-Haus-Sammlunge gëtt et fir:

  • Plastik (Valorlux)
  • Pabeier
  • Glas
  • Hausmüll
  • Biomüll
  • Gaardenoffäll (vun Abrëll bis Mëtt November)

D’Offallbehälter a Schlässer fir drop, sou wéi och Containere kënnen am Biergerzenter vun der Stad Réimech mat dem entspriechende Formulaire bestallt ginn.

D’Firma Lamesch bitt och e Botzservice fir d’Behälteren un. Ufroe ginn direkt bei der Firma Lamesch gemaach.

Méi Informatioune fannt Dir an onser Offallbrochure.