Betreiungsstruktur

An der Maison Relais kréien d’Kanner eng adaptéiert Betreiung wat den Elteren d’Méiglechkeet gëtt berufflech aktiv ze bleiwen.

D’Maison Relais zu Réimech ass op zwee Sitte verdeelt: rue Enz (Cycle 1) an d’Gewännchen (Cyclen 1-4).

Ugebuede ginn d’Betreiung vun de Kanner moies an nomëttes esou wéi e Kannerrestaurant. D’Iessen gëtt all Dag frësch an der Kiche vun der Maison Relais um Gewännchen preparéiert.