Erzéiongs- a Familljeberodung asbl

Zanter September 2016 huet d’Erzéiungs- a Familljeberodung asbl och eng Antenne zu Réimech.

D’Entwécklung vu Kanner oder Jugendlechen, familiär Bezéiungen oder belaaschtend Evenementer sin heiansdo eng grouss Erausfuerderung, bei deenen een Ënnerstëtzung brauch.

De Fokus vun der asbl läit op der Ënnerstëtzung duerch Erzéiungs- a Familljeberodung, Berodung vu Koppelen, Therapien a Begleedung vu Kanner, Jugendlechen a Familljen.

An hirer Aarbecht dréit sech meeschtens alles ëm dës Themen:

  • Bannung, Elteren-Kand Interaktioun, sozial Interaktiounen
  • Entwécklungsaufgaben an -iwwergäng
  • Entwécklung vu Léisungsstrategien
  • Emotional Belaaschtungen
  • Lass loossen an Autonomie
  • Ëmgang mat Aggressiounen, Schoulproblemer, Accidenter, Traumaen, Iessstéierungen, Schlofstéierungen, Sexuell Verhalensproblemer
  • Trennung / Scheedung

D’Angebot vun der Berodung an Therapie gëtt mat Gruppen- a Weiderbildungsofferen erweidert:

  • Marte Meo Kompetenzzentrum, Licensed Supervising Marte Meo Institute, Ausbildung fir all Niveauen
  • Babysitterausbildung a -vermëttlung
  • ” Kinder aus der Klemme ” – E Programm fir Famillje mat Trennungskonflikter
  • ” D’Nuetseil ” – therapeutesche Grupp fir Kanner mat Schlofproblemer
  • Elteregrupp – ” Versteesdemech ” mat Marte Meo
  • Familljegrupp ” Musikalisch und künstlerisch in Bindung ” – mat Hëllef vu Musek a kënschtleresche Prozesser kréien d’Elteren Ureegunge fir eng gutt Bezéiung mat hire Kanner ze gestalten
  • Stressbewältegung fir Elteren
  • Projete mat aneren Ariichtungen (Schoulen, Maison Relaisen, Foyeren, Universitéiten)
  • Verschidden Themenowenter a Konferenzen