De Stréimännche gëtt verbrannt
Mir Réimecher hunn eis ganz eegen Traditiounen, sou och Äschermëttwoch. Sou gëtt traditionell op Äschermëttwoch de Schluss vun der Fuesend ageleet mam Verbrenne vum Stréimännchen.
D’Traditioun beseet, dass de Stréimännchen, eng Figur aus Stréi, an engem Danz-Cortege duerch d’Stroosse vu Réimech bis op d’Muselbréck gedroe gëtt. Op der Muselbréck ukomm gëtt de Stréimännchen ugefaang an an d’Waasser geheit. Traditionell gëtt et op Äschermëttwoch Glühwäin, gebakene Fësch a Gromperekichelcher.
Départ vum Cortège beim L&R Kox, 6 rue des Près.
Ab 16:00 : Stand mat Glühwäin & Gromperekichelecher | Place de la Résistance/Rue Foascht.
TRAJET
Treffpunkt: L&R Kox (Rue des Prés) 18:45 | Start / Départ: 19:30
Cortège : rue des Prés – rue Dauvelt – rue St Nicolas – N10 – Quai de la Moselle – rue du Camping – rue de Macher – Place du Marché – Bréck