Kanner a Jugendlecher am Internet. Eng Erausfuerderung fir Elteren.
Informatiounsowend zum Thema: “Kanner a Jugendlecher am Internet. Eng Erausfuerderung fir Elteren.”
Sprooch: Lëtzebuergesch mat Simultaniwwersetzung op Franséisch
Fir sécherzestellen, datt hir Kanner eng sécher a verantwortungsvoll Online-Erfarung hunn, mussen d’Elteren sech iwwer d’Erausfuerderungen am Zesummenhang mam Internet bewosst sinn. Hei entsti vill Froen:
- Ab wéi engem Alter däerf mäi Kand e Smartphone hunn?
- Wéi vill Zäit däerfen si virun engem Ecran verbréngen?
- Wéi kann ech si viru Mëssbrauch a Cybermobbing schützen?
Dës thematesch BEE SECURE-Aktivitéit baséiert op dem Eltereguide “Ecranen an der Famill” an huet zum Zil, Eltere Rotschléi a Recommandatioune fir e sécheren an ugepassten Internetgebrauch am Alldag an am Familljeliewen ze ginn.