Virowend Nationalfeierdag
De Schäfferot vun der Stad Réimech invitéiert all seng Bierger, Veräiner, Geschäftsleit a Verwaltungen fir un de Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag deelzehuelen an d’Fändelen opzehänken.
Programm
- 19:00 Te Deum an der Poarkierch
- 19:45 Depart vum Cortège an der Rue de la Gare a Richtung Schoul- a Sportzenter Gewännchen
- 20:00 Usprooch vum Buergermeeschter
- Dono offréiert d’Gemeng e Patt