Back
09.05.2026
I3 Festival
Um Samschdeg, den 9. Mee 2026, organiséiert den Dräilännereck mat sengen 12 i³-Gemenge fir déi 3. Kéier de grenziwwerschreidenden Festival³!
Ronderëm Apach-Perl-Schengen-Muselbréck, am Zentrum vum DE-FR-LU-Dräilännereck, erwaarden Iech Museker, Kënschtler a verschidde Stänn mat Iessen, Gedrénks, Handwierksaarbechten an Informatiounen. Fir den Europadag ze feieren, presentéieren Associatiounen, Wënzer an d’Awunner vun den 12 Gemengen, wat d’Regioun ze bidden huet.
Den Entrée ass gratis.
Erlieft den Dräilännereck mat all senge kulinareschen a musikalesche Facetten!