“Lët’z druddel!”
Den Domaine Claude Bentz invitéiert op e lëschtegen Owend voller Humor a Wuertwitz mam Marc Weydert :
“Lët’z druddel!”, 24.01.2025, 18:30-21:00
De Gewënner vum Nationale Lëtzebuerger Literaturconcours kënnt fir en humoristeschen Owend op Réimech an den Domaine Claude Bentz!
D’Spille mat der Lëtzebuerger Sprooch, d’Verdréine vu bekannte Geschichten, d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiessene Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer a Fraen, oder deem allsäits beléiften Thema vun de Vakanzen, all dat ass Senges! De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Concours littéraire national 2021 kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodien a presentéiert seng Sammlung vun humoristeschen Texter an engem gesellege Kader am Domaine Claude Bentz, wou och fir de Patt an de gudde Maufel gesuergt ass.
Präis: 15 € (ouni Iessen a Gedrénks) | Reservatioun obligatoresch >event@bentz.lu
Sprooch: Lëtzebuergesch
Programm:
18:30 Accueil + Aperitif
19:00 Éischten Deel vun der Liesung
19:40-20:10 Paus (fir Gedrénks an e klenge Maufel ass gesuergt)
20:10: Zweeten Deel vun der Liesung
No der Liesung hutt Dir nach d‘Geleeënheet Iech mam Auteur ronderëm e gudde Patt auszetauschen.