Vëlosummer 2024 | Mam Jangeli bei d’Kätti
Den Tour ass vum 27. Juli bis de 25. August befuerbar a féiert iwwer déi al „Jangelisbunn“ vu Réimech op Mondorf, weider iwwer d’„Neelchesbirenallee“ bis bei d’Maus Kätti zu Biermereng.
Start ass zu Réimech, laanscht d’Bolzplaz iwwer d’Avenue Lamort-Velter bis an d’Rue de la Gare, laanscht d’Kierch a Richtung „Jangelisbunn“, duerch de Bësch (PC11 – asphaltéierte Wee) erop bis op Ellange-Gare; de Wee vor vun 1882 bis 1955 Deel vun der Schmuelspuereisebunnslinn tëscht Lëtzebuerg-Stad a Réimech. Hannert der Zone „Triangle Vert“ huet een e flotten Ausbléck op Mondorf wou Highlighte wéi d’Thermalbad, d’Loftfoartmuseum an eng Easy-Golf-Anlag am Thermalpark op iech waarden. Weider geet et duerch d’„Neelchesbirenallee“, laanscht d’Maus Kätti zu Biermereng a gläich dono kënnt dir e fantastesche Bléck iwwert d’Museldall genéissen Naturschutzzenter Biodiversum Camille Gira an dem Reservat „Haff Réimech“. Vis-à-vis leien d’Baggerweieren, déi all Joer e sëlleche Waasserraten unzéien. Duerch d’Wéngerten an heemlech kleng Dierfer, laanscht d’Valentiny Fondatioun – e Must fir Konschtbegeeschtert Leit – kommt dir zréck op d’Musel a Réimech.
(Quelle: visitluxembourg.com)
Hei de Link op den Tour: : Mam Jangeli bei d’Kätti