Vëlosummer 2025 | Mam Jangeli bei d’Kätti
Mam Jangeli bei d’Kätti
Den Tour ass vum 19. Juli bis de 24. August befuerbar a féiert iwwer déi al „Jangelisbunn“ vu Réimech op Mondorf, weider iwwer d’„Neelchesbirenallee“ bis bei d’Maus Kätti zu Biermereng.
Start ass zu Réimech:
- laanscht d’Bolzplaz iwwer d’Avenue Lamort-Velter bis an d’Rue de la Gare
- laanscht d’Kierch a Richtung „Jangelisbunn“, duerch de Bësch (PC11 – asphaltéierte Wee) erop bis op Ellange-Gare (de Wee vor vun 1882 bis 1955 Deel vun der Schmuelspuereisebunnslinn tëscht Lëtzebuerg-Stad a Réimech)
- hHannert der Zone „Triangle Vert“ laanscht wou een e flotten Ausbléck op Mondorf wou Highlighte wéi d’Thermalbad, d’Loftfoartmuseum an eng Easy-Golf-Anlag am Thermalpark op iech waarden
- weider geet et duerch d’„Neelchesbirenallee“, laanscht d’Maus Kätti zu Biermereng a gläich dono kënnt dir e fantastesche Bléck iwwert d’Museldall genéissen mam Naturschutzzenter Biodiversum Camille Gira an dem Reservat „Haff Réimech“ wou vis-à-vis d’Baggerweieren leien, déi all Joer e sëlleche Waasserraten unzéien
- dDuerch d’Wéngerten an heemlech kleng Dierfer, laanscht d’Valentiny Fondatioun – e Must fir Konschtbegeeschtert Leit – kommt dir zréck op d’Musel a Réimech.
Hei de Link op den Tour: : Mam Jangeli bei d’Kätti
Generell Infos zum Vëlosummer
De Vëlosummer ass eng gemeinsam Initiativ vum Wirtschaftsministère an dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. An Zesummenaarbecht mat 59 Gemengen, ginn ab dem 19. Juli eng Partie Stroossen uechter d’Land fir d’Vëlosfuerer reservéiert. Des Vëlostier kennen de Weekend, oder wärend der ganzer Dauer vum Vëlosummer, vum 19. Juli bis 24. August 2025 gefuer ginn.
Des Vëlostier bidden déi besonnesch Geleeënheet iwwert d’Éisleker Koppen ze fueren, laanscht d’Fielsen am Mëllerdall, oder fir d’Wéngerte vun der Musel ze entdecken. Et huet een d‘Méiglechkeet laanscht de Stauséi oder d‘Schlässer am Guttland ze fueren, an de Minett um Vëlo kennenzeléieren. Ënnerwee fiert ee laanscht touristesch Highlights.
Nei
Matt der neier „Vëlosummer Challenge“ an der VisitLuxembourg App kënnt dir e giele Vëlosummertrikot gewannen wann dir déi véierzéng Tier vum Vëlosummer packt an di 14 Froen richteg beäntwert!
Praktesch Infos
- Déi véierzéng Vëlostier am Detail fannt dir op enger Kaart, fir erofzelueden oder gratis ze bestellen op www.velosummer.lu.
- Dir hutt kee Vëlo oder keng Transportméiglechkeet fir Äre Vëlo?
Laanscht villen vun de Vëlosummer Strecke kann ee bequeem e Vëlo reservéieren a lounen. Wéi eng Locatiouns Statioun fir wéi een Tour a Fro kënnt, fannt dir op der Vëlosummerkaart oder op de Websäite vun deenen eenzelnen Tier. Dir musst Äre Vëlo am viraus reservéieren op www.visitluxembourg.com/bike-rentals oder bei deene verschiddenen Vëloslocatiouns Statiounen. - Fir e Vëlostour vun e puer Deeg, kann ee bed+bike Hebergementer notzen déi op Vëlosfuerer als Clientèle spezialiséiert sinn a mam Gepäckdéngscht movewecarry.lu kënne sech d‘Vëlosfuerer hiert Gepäck vun engem gebuchten Hebergement bei dat nächst liwwere loossen.
Wichteg
Och wärend dem Vëlosummer, bléift et wichteg drun ze denken, datt:
- déi gespaarte Stroossen weiderhi fir Awunner an den ëffentlechen Transport zougänglech bleiwen an de Code de la route zu all Ament a Kraaft bleift
- Vëloen kënnen nëmmen op den Ofstellplazen an Zich a Bussen transportéiert ginn déi dofir virgesi sinn
- d’Piste vum Vëlosummer si beschëldert.