Infoen iwwert d’Peegelstänn vun der Musel fannt Dir hei:
- Peegel Réimech:
- D’ganz Joer iwwer: (+352) 26 66 09 18
 - Bei Héichwaasser: (+352) 90 07 18 26
 
 - All d’Infoen fannt Dir och op der Internetsäit vum Waasserwirtschaftsamt
 
Referenzwäerter bei Héichwaasser zu Réimech:
- 450 cm Ufank vun der Phase de vigilance
 - ca 460 | Iwwerschwämmung Parking du Port (ënnert der Bréck)
 - 495 cm | Kräizung Gare Routière
 - 518 cm | Rue du Pont / Esplanade
 - 535 cm | Rue de Macher / Rue du Camping
 - 550 cm | Rue de l’Hospice / Rue de Macher
 - 555 cm | Rue de Macher / Rue Neuve
 - 575 cm | Rue de Macher (al Apdikt)
 - 625 cm | Kräizung Maatebierg / Route de Stadtbredimus
 - 650 cm | 15, place du Marché
 
Fir d’Haushalter, déi am potentiellen Héichwaassergebitt leien:
- All Haushalt sollt Gummistiwwelen, resp. Fëscherboxe fir den Noutfall hunn.
 - Vun engem gewëssene Peegelstand u fiert e Waasser-Taxi. Dëse kann dann ënnert der Nummer 621 888 111 (d’Nummer ass just ab engem gewëssene Peegelstand aktiv) tëscht 6 an 22 Auer bestallt ginn. Ausserhalb vun deenen Zäiten muss den 112 geruff ginn.
 
Informatiounen ëffentlechen Transport:
Bei Héichwaasser mat Spärung vun der Haaptstrooss / Kräizung Place du Marché-Route du Vin ginn d’Arrête vun der Gare Routière net ugefuer:
- Fir Richtung Gréiwemaacher ze fuere muss Dir den Arrêt “Maatebierg” huelen
 - Fir Richtung Stad oder Schengener Lycée muss dir den Arrêt “Place Nico Klopp” benotzen
 - Informatiounen iwwer de Schoultransport vun der Grondschoul fannt Dir am Schoulbuet oder dir kënnt Iech beim Schoulservice (servicescolaire@remich.lu) informéieren.