Virowend Nationalfeierdag
De Schäfferot vun der Stad Réimech invitéiert all seng Bierger, Veräiner, Geschäftsleit a Verwaltungen fir un de Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag deelzehuelen an d’Fändelen opzehänken.
Programm
- 19:30 Te Deum an der Poarkierch
- 20:15 Depart vum Cortège an der Rue de la Gare a Richtung Dr F. Kons Plaz
- 20:30 Usprooch vum Buergermeeschter
- Dono Volleksfest mat Musek | Iessstand vum Club des Jeunes Réimech / Gedrénksstand vum Cercle de gymnastique Remich