Krematorium Hamm | Ëmbauaarbechten

Wéinst gréisseren Aarbechten am Krematorium zu Hamm tëscht September 2023 an Dezember 2024 ass et méiglech, dass et zu Waardezäite fir d’Zeremonië fir de Verstuerwenen Äddi ze soe ka kommen.

Mir informéieren Iech doriwwer, dass et och méiglech ass fir sou eng Zeremonie um Kierfecht vun der Stad Réimech ofzehalen.

Informatioune kritt Dir am Biergerbüro.

NEW … Laftreff zu Réimech

Maacht mat beim Laftreff a bleift a Form!

Mir bidden een ofwiesslungsräiche Programm aus Lafen an der Notzung vum Bacchus Fitness Trail am Bësch. Treffpunkt ass sonndes moies um 10 Auer beim Schoul- a Sportzentrum „Gewännchen“.

De Cours ass fir jiddereen, egal op Ufänger oder Avancé.

  • Ab dem: 15.10.2023
  • Ëmmer sonndes: 10:00
  • Start: Centre scolaire et sportif „Gewännchen“
  • Umeldung: op der Plaz
  • Präiss: 60 € (Schouljoer 2023-2024)
  • Org.: Musel’s Laf asbl & Stad Réimech

Renovéierung Al Post – Ee Projet vum Fonds du Logement

Nodeems de Projekt de betraffenen Awunner a Geschäftsleit e Mëttwoch, de 4. Oktober 2023 em 8:30 Auer an der Aler Schoul presentéiert gouf, wuer nomëttes den éischte Spuedestéch fir d’Renovéierung an de Bau vu sechs Wunnengen an zwee Geschäfter am ale Postgebai op der Place du Marché zu Réimech.

Am Projet, deen d‘Renovéierung an d‘Erweiderung vum deels klasséierte Gebai virgesäit, sinn zwee Geschäfter a sechs Wunnengen virgesinn, dorënner eng behënnertegerecht Eenheet. D’Wunnengen, déi sech op déi zwee Deeler vum Gebai verdeelen, hunn deels 1 bis 3 Schlofkummeren an eng Wunnfläch tëscht 53 a 133 m2.

 

06.10.2023 | Gemengerot

Den nächste Gemengerot ass e Freideg, de 6. Oktober 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).

24.09 | ING Route du Vin – Wichteg Infoen

ING Route du Vin

  • Depart Semi-Marathon: N10 op der Héischt vum Centre visit Remich em 10:15
  • Zil: Place Dr F. Kons: ab 11:15

Méi Infoen: routeduvin.lu

All d’Infoen zu de Stroossespärungen, Parkverbueter, etc. fannt Dir an den Dokumenter op dëser Säit.

D’Heedbaach ass zou

Wéinst Reparatiounsaarbechten nom Onwierder d’lescht Woch ass d’Heedbaach nach bis Enn vun der nächster Woch (ca. 29.09.2023) fir de Public gespaart.

22.09.2023 | Gemengerot

Den nächste Gemengerot ass e Freideg, den 22. September 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).

Mir sichen dech! | Surveillant fir de Schoultransport

D’Stad Réimech sicht 1 Surveillant fir de Schoultransport (Betreiung vu Kanner tëscht 3-12 Joer)

  • CDD bis de 15.07.2024 mat Optioun op e CDI, 6 Stonnen/Woch, Carrière A3 nom Südgemengekollektivvertrag

Viraussetzungen:

  • Erfuerderlech Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Autonom schaffe kënnen, flexibel sinn, teamfäeg

Kandidatur:

  • CV
  • Lettre de motivation mat Foto
  • Casier 3 + 4 (< 3 Méint)
  • Acte de naissance (< 3 Méint)
  • Kopie vun der Carte d’identité

Delai fir d’Kandidatur: 17.09.2023

Ville de Remich – Service du personnel

Place de la Résistance
B.P. 9
L-5501 Remich

Réimecher Schwämm | Ëffnungszäite bis de 15.09.2023

Réimecher Schwämm ass nach op bis de 15. September

Ëffnungszäiten:

  • Bis den 10.09.2023: 09:00-20:00
  • 11.09 – 15.09.2023: 10:00-19:00

SAVE THE DATE 🐶🐹

16:09.2023, 10:00-16:00 >>> Muppeschwammen