Den nächste Gemengerot ass den 23.10.2026 um 09:30 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Stroosseluuchten an der Rue Neuve – Stéierung dauert weider un
D’Stroosseluuchten an der Rue Neuve funktionéieren aktuell wéinst engem Kabeldefekt am Buedem net.
Eis Ekippe schaffen mat Héichdrock drun, déi genee Plaz vum Defekt ze lokaliséieren an d’Stéierung esou séier wéi méiglech ze behiewen. Well de Feeler am Buedem läit, kënnen dës Aarbechten nach e bëssen Zäit an Usproch huelen.
Wichteg: Et kann virkommen, datt d’Stroosseluuchten am Laf vum Dag ageschalt sinn. Dëst hänkt mat den techneschen Aarbechten an Tester zesummen a bedeit net, datt d’Stéierung scho behuewen ass.
Mir bieden déi betraffe Biergerinnen a Bierger ëm Gedold a soen Iech Merci fir Äert Verständnis.
Semi-Marathon Route du Vin | 27.09.2026
Semi-Marathon tëscht Réimech, Stadbriedemes a Rëmerschen mat Depart um 09:15 an Arrivée zu Réimech.
Zousätzlech Coursen:
- 5 km (Départ 14:00)
- 10 km (Départ 12:15)
- Kannerlaf (750 m – Départ 09:30 | 1.500 m – Départ 09:45)
Detailléiert Informatiounen zu den eenzelene Coursen fannt Dir op routeduvin.lu.
All d’Infoen zu de Stroossespärungen, Parkverbueter, etc. fannt Dir an den Dokumenter op dëser Säit.
18.09.2026 | Gemengerotssëtzung
Den nächste Gemengerot ass den 18.09.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Ofschafung vun de “Ecobacs” vum 1. Januar 2027
D’Biergerinnen a Bierger ginn informéiert, datt de Syndikat SIGRE decidéiert huet, d’ “Ecobacen” aus sengem System vun den Offallbehälter ab dem 1. Januar 2027 ofzeschafen. Dofir mussen d’”Ecobacen” duerch eng Dreckskëscht ersat ginn.
Wat musst Dir maachen?
Stéit, déi aktuell en “Ecobac” hunn, si gebieden, sech am Populatiounsbüro ze mellen, fir se gratis géint eng Dreckskëscht vun hirer Wiel auszetauschen (45, 120 oder 240 Liter).
Wat maache mat Ärem alen “Ecobac”?
Dir hutt zwou Méiglechkeeten:
- Dir kënnt Ären alen “Écobac” behalen (gëtt ab dem 1. Januar net méi eidel gemaach), oder
- Dir kënnt eis en zeréckginn: an dësem Fall stellt se w.e.g. virun Äert Haus. E gëtt vun eis ofgeholl, wann Är nei Dreckskëscht geliwwert gëtt.
Fir den Emtausch ze maachen
Mir bieden Iech, mam Populatiounsbüro Kontakt opzehuelen:
- Per Telefon: 23 69 22 – 11 / -17
- Per E-Mail: population@remich.lu
- An der Gemeng: wärend den Ëffnungszäiten
Info Sammlung vun Offall | Rue des Bateliers & Nr. 8, 10 an 23 Rue de la Corniche
Informatioun un d’Awunner vun der Rue des Bateliers an den Haiser Nr. 8, 10 an 23 an der Rue de la Corniche zu Réimech
Betrëfft: Offall Sammlung
Wéinst Infrastruktur- an Ëmgestaltungsaarbechten an der Rue des Bateliers an engem Deel vun der Rue de la Corniche kann den Offall Camion dëse Beräich wärend den Aarbechten net ufueren.
Vum 24. August 2026 bis den 11. September 2026 biede mir Iech, Är Offall Behälter an Tuten um Dag vun der Offall Sammlung viru 7.00 Auer op eng vun de Sammelplazen ze stellen an se owes um selwechten Dag erëm ewech ze huelen:
Sammelpunkt 1 :
Kräizung Rue des Bateliers / Rue de la Cité
Sammelpunkt 2 :
Kräizung Rue de la Corniche / Rue des Pommiers
Betraff sinn: Reschtoffall, Biotonn, Gaardenoffäll, Pabeier, Glas a Valorluxtuten.
An Ärer Bréifkëscht fannt Dir 4 Stickere mat Ärer Hausnummer. Mir bieden Iech, ee Stécker op all Offall Behälter ze pechen, fir Verwiesslungen ze vermeiden.
Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Mataarbecht.
De Schäfferot
Route barrée | Rue Dauvelt & Rue St Nicolas
Wéinst Aarbechten am Haus Nr. 31 an der Rue St Nicolas sinn d’Rue Dauvelt an d’Rue St Nicolas bis bei d’Kräizung mat der Rue Wenkel vum 10. bis de 14. August 2026 fir de Verkéier gespaart.
WICHTEG
- Offallsammlung (Haus- a Biomüll): Stellt Är Poubellen den Dag vun der Offallsammlung w.e.g. viru 07:00 Auer eraus a bréngt se bei de Sammelpunkt op der Héicht vun der Montée de la Chapelle.
- Den Zougang zu den Haiser (eran an eraus) bleift iwwer d’Rue Hierzigberg oder d’Rue Wenkel méiglech.
- De Passage fir Foussgänger bleift zu all Moment garantéiert.
D’Awunner gi gebieden, déi néideg Dispositiounen ze treffen an hir eventuell Liwweranten iwwer dës Verkéiersmoossnamen z’informéieren.
Merci fir Ärt Verständnis.
Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg
Tëscht dem 27. Juli an 1. August 2026 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.
D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.
10. – 12.07.2026 | Wichteg Informatiounen – IRONMAN 70.3 LUXEMBOURG | RÉGION MOSELLE
IRONMAN 70.3 LUXEMBOURG | RÉGION MOSELLE
Start: 08:00 / 1. Finisher géint 11:55
SIDE EVENTS
- 10.07 | NightRun > Start: 19:30, Parking Schwämm
- 11.07 | IRONKIDS > Start: 11:00, Parking Schwämm
All d’Informatiounen betreffend Stroossespäerungen, Parkverbueter asw. fannt Dir op der rietser Säit.
Infos iwwer den ëffentlechen Transport: mobiliteit.lu
Subside fir Schüler a Studenten
D’Formulaire fir d’Ufroe vun engem Subside fir Schüler a Studenten sinn online!
> Lycée
> Uni
Délai: 31.10.2026