Holzstee

An Zesummenaarbecht mam Fierschter organiséiert d’Stad Réimech eng Holzstee am Réimecher Bësch.

Detailer komme no.

 

Wine Taste Enjoy

Wine, Taste, Enjoy – De Päischtweekend ass de Weekend vun den oppene Kellereien op der ganzer Musel.

Op Péngschte lueden d’Wënzer, d’Kellereien an d’Brennereien op den allsäits beléiften “Wine Taste, Enjoy” an hire Kelleren, Gäert an Terrassen an. Net nëmmen Degustatioune vun de beschte Miseler Wäiner a Cremanten an Drëppen, mä och geféiert Visiten, Musek, Konschtausstellungen, Liesungen a kulinaresch Spezialitéite gehéieren zum traditionelle Wine Taste Enjoy dobäi. De Wine Taste Enjoy ass dat perfekt Event fir e flotten Dag mat Kollegen op der Musel ze verbréngen an esou d’Regioun besser kennen ze léieren.

Poterowend | Petanque & Barbecue

Kommt op „Poterowend“, e gesellegen Owend fir Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, verdéift är Lëtzebuergesch Kenntnisser a léiert nei Leit kennen.

Haut um Programm: Petanque spillen a grillen  – jideree bréngt säi Gedrénks a Gegrills mat.

Umeldung obligatoresch bis den 27.05.2026: integration@remich.lu 

Ëmmer den 1. Mëttwoch vum Mount ausser am November | August a September > kee Poterowend

Nuit du Sport

Dëst Joer mécht Réimech bei der Nuit du Sport mat!

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schengen fënnt d’Nuit du Sport vun deenen 2 Gemengen dëst Joer bei der Schwämm zu Réimech statt.

Weider Informatioune komme no.

Draachebootfestival

Den Draachebootfestival ass vum Chineesesche Kulturzenter an Euro-Asie organiséiert, mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Réimech.

Lokal Veräiner, Universitéiten an aner Organisatiounen aus Lëtzebuerg maache mat. Donieft kënnt dir déi chineesesch Kultur bei traditioneller Volleksmusek, Dänz, Kung-Fu an Tai-Chi Virféierungen, grad wéi och traditionelle chinesche Platen besser kenne léieren.

Gratis Entrée.

Weltspilldag

Alles ronderëm d’Spill fir déi ganz Famill mat flotten Aktivitéiten fir Kleng a Grouss

D’Aktioun Weltspilldag gëtt zanter ville Jore vun der Erzéiungs- a Familljeberodung vun AFP-Solidarité-Famille, zesumme mat hire Partner, organiséier mam Zil iwwert d’Bedeitung vum zesume Spillen an der Famill opmierksam ze maachen an esou e flotten Austausch an d’Kommunikatioun tëscht de Familljememberen ze ënnerstëtzen.

Hei kritt Dir Ureegungen an Iddien fir an der Famill nei Spiller ze probéieren oder aler nei ze entdecken!