BeeSecure – Infoowend fir Elteren zu Mondorf

Praktesch Tipps an Austausch iwwert Bildschirmzäit, künstlech Intelligenz, den éischte Smartphone, Präventioun vu Cybermobbing a villes méi.

Sprooch : Lëtzebuergesch, Simultaniwwersetzung op Franséisch

Umeldung: reception@mondorf-les-bains.lu

 

 

Bicherbus

De «Bicherbus » ass eng mobil Bibliothéik, déi reegelméisseg 100 Uertschaften zu Lëtzebuerg ufiert.

Gravel Festival

Den 3. a 4. Oktober steet Réimech ganz am Zeeche vum Gravel-Vëlo!
3. Oktober: Open Gravel Ride – eng net-kompetitiv Tour duerch Wéngerten, Bëscher an déi schéi Landschaft ronderëm Réimech.
4. Oktober: Gravel Festival Race mat zwou Distanzen

Déi 2 Deeg : Festival Village mat lokalen Aussteller, Iessen a Wënzerstänn

Méi Infos an Umeldung op gravelfestival.lu

Iessowend mat Danzmusek

D’Réimecher Musek invitéiert op e “Musikalescht Iessen” mam Orchester “Undercover”.

Entrée: ab 17:30Auer | Iessen: ab 18:30 Auer

Menu:

– Bouchée à la reine mat Fritten/Räis an Zalot

– Ham, Fritten an Zalot

– op Ufro och vegan oder vegetaresch

Reservatioun:

Iwwer Telefon um (+352) +621 488 444 bis spéitstens den 26.09.2026

Commemoratiounsdag

Um Dag vun der nationaler Commemoratioun, huet de Schäfferot vun der Stad Réimech d’Éier all seng Bierger, Geschäftsleit a Vertrieder vun de Réimecher Veräiner op d’Gedenkfeier an der Parkierch anzeluede mat uschléissendem Cortège bei d’Monument aux Morts hannert der Kierch, d’Gedenkplaz vun der Shoah an d’Place de la Résistance.

Programm:
10:00 – Parkierch
10:45 – Monument aux Morts hannert der Kierch
Duerno Cortège

Bicherbus

De «Bicherbus » ass eng mobil Bibliothéik, déi reegelméisseg 100 Uertschaften zu Lëtzebuerg ufiert.

Bicherbus

De «Bicherbus » ass eng mobil Bibliothéik, déi reegelméisseg 100 Uertschaften zu Lëtzebuerg ufiert.

Chrëschtbasar

Samschdes, de 14. November:

  • 14-18 Auer Chrëschtbasar mat Hand- a Bastelaarbechten, Tombola a Kaffisstuff

Sonndes, de 15. November:

  • Mëttegiessen nëmmen op Reservatioun iwwer Telefon T. 661 613 808
  • 11-18 Auer Chrëschtbasar mat Hand- a Bastelaarbechten, Tombola a Kaffisstuff

➡️ Weider Informatioune fannt Dir méi spéit um Flyer.

De Kleeschen kënnt mam Schëff

15 Auer – De Kleeschen kënnt mam Schëff vun Navi-Tour (Quai)

Cortège a Begleedung vun der “Réimecher Musek” a Verdeele vun engem Boxemännchen un d’Kanner.