Op 1/2 Faaschte verkleed sech d’Pärel vun der Musel an invitéiert Joer fir Joer op e ganze Weekend Party. Op beim Emzuch vun der Kavalkad, am Zelt op der Dr F. Kons Plaz, oder an de Réimecher Lokaler, iwwerall geet et just em d’Thema “5. Joreszäit”.
Programm Zelt – Dr F. Kons Plaz:
- Freideg 16.03 | ab 16:30 Auer: AFTERWORK | ab 20:30: Bal
- Samschdeg 17.03 | 14:30 Auer Kannerfuesbal | 19:30 Auer: Bal wéi fréier
- Sonndeg 15.03 | Ab 16:30 Auer: AFTER CAVALCADE PARTY
GRATIS ENTRÉE déi 3 Deeg !
Kavalkad:
- 15.03
Start 14:30 Auer: N10 / Héicht Rue Maatebierg
Arrivée ca. 17:30: N 10 / Héicht Minigolf
ENTRÉE:
- Virverkaf : 5 € | tickets.cavalcade-remich.lu
- Sur Place: 7 €
- Kanner < 16 Joer: gratis
Réimech ass eng vun de Fueshéichbuergen zu Lëtzebuerg. Op 1/2 Faaschte verkleed sech d’Pärel vun der Musel an invitéiert Joer fir Joer op e ganze Week-End Party mat nationalen an internationale Fuesstaren. Op beim Emzuch vun der Kavalkad, op der Dr F. Kons Plaz am Zelt, oder an de Réimecher Lokaler, iwwerall geet et just em d’Thema “5. Joreszäit”.
Entréespräisser
Cavalcade
- 7 € sur place
- 5 € Virverkaaf | tickets.cavalcade-remich.lu
- Kanner < 16 Joer: gratis
Party, Baler a Kannerfuesbal am Zelt
Programm
- Freideg 13.03
16:30 After Work Party
20:30 Bal
- Samschdeg 14.03
14:30 Kannerfuesbal
19:30 Hausbal wéi fréier mat Ever Dance
- Sonndeg 15.03
14:30 Cavalcade
16:30 After Cavalcade Party
De Schäfferot invitéiert seng Bierger op e Biergerowend e Freideg, den 20.03.2026 um 19:00 am Zelt op der Dr F. Kons Plaz.
Programm:
- lafend a künfteg Projeten gi virgestalllt
- Abléck an d’Zesummeliewen an d’Eventer an der Gemeng
- Infostänn vu Veräiner an aner Associatiounen
Fir Iessen a Gedrénks suergt den Organisatiounscomité vun der Cavalcade.
Mir freeën eis Iech deen Owend ze begréissen.
Mir hale Réimech propper: maacht matt bei eiser grousser Fréijoersbotz!
- Rendez-vous um 09:00 Auer beim Schoul- a Sportzentrum „Gewännchen“
- Géint 12:30 Auer offréiert d’Gemeng e klenge Maufel.
- Aschreiwunge bis den 20. Mäerz 2026: mato@remich.lu / T. (+352) 23 69 2-1
Eng Aktioun vun der Ëmweltkommissioun zesumme mat der Stad Réimech.
Marche gourmande duerch Réimech mat 7 kulinaresche Statiounen.
- Depart : Al Schoul | 1, rue Neuve, Réimech tëscht 9 an 10:30 Auer
- Streck: ca. 14 km
- Präis: 65 € (Kanner tëscht 4 a 12 Joer: 25 €) – Vegetaresche Menü op Ufro
- D’Plaze si begrenzt
- Umeldung bis den 10.03.2026 | Bezuelen am Viraus op Rechnung
- Statiounen: Al Schoul, Domaine L&R Kox, Benoît & Claude Viticulteurs, Park Jeannot Belling, Caves St. Martin, Domaine Desom, Park Jeannot Belling
Aschreiwung nëmmen iwwer de Formulaire méiglech.
Endlech ass et nees esou wäit: d’Réimecher Kiermes mat Spiller, Gedrénks- an Iessbude fir déi ganz Famill!
Familljendeeg mat extra Präisser: 30.04 a 07.05
Ëffnungszäite vun der Réimecher Kiermes
- Méindeg – Freideg:
- Iess- a Gedrénksstänn: 12:00-21:00
- Spiller: 14:00-21:00
- Samschdeg – Sonndeg, 01/05: 12:00-21:00
Weider Informatioune fannt Dir op www.lcgb.lu !
Um Samschdeg, den 9. Mee 2026, organiséiert den Dräilännereck mat sengen 12 i³-Gemenge fir déi 3. Kéier de grenziwwerschreidenden Festival³!
Ronderëm Apach-Perl-Schengen-Muselbréck, am Zentrum vum DE-FR-LU-Dräilännereck, erwaarden Iech Museker, Kënschtler a verschidde Stänn mat Iessen, Gedrénks, Handwierksaarbechten an Informatiounen. Fir den Europadag ze feieren, presentéieren Associatiounen, Wënzer an d’Awunner vun den 12 Gemengen, wat d’Regioun ze bidden huet.
Den Entrée ass gratis.
Erlieft den Dräilännereck mat all senge kulinareschen a musikalesche Facetten!