Mir plënneren | Nei Adress vun de Gemengeservicer ab dem 23.07.2024

Verëffentlecht:24.06.2024
Fir d’Dauer vun de Renovéierungsaarbechten vum aktuelle Gemengenhaus plënneren d’Servicer vun der Stad Réimech 50 m méi wäit op d’Nummer 6, Rue Enz (virdrun BIL).
D’Gemeng ass dofir vum 19. – 22. Juli 2024 inclus zou.
Den 23. Juli 2024 si mir op der neier Adress fir Iech do !
Zréck