Hëllef Doheem

Hëllef an Ënnerstëtzung am Alldag

D’Gemeng wëll op déi villfälteg Déngschtleeschtunge vun Hëllef Doheem an den Hëllefs- a Fleegezentren opmierksam maachen. Si ënnerstëtzen d’Leit an hir Familljen dobäi, sou laang wéi méiglech selbststänneg a sécher doheem ze liewen.

D’Offer ëmfaasst ënner anerem Sécher Doheem, en Telealarmsystem, deen 24 Stonnen op 24 fir méi Sécherheet suergt, souwéi Nuetsfleeg an Hëllef doheem. Zousätzlech ginn Berodungen an Therapien ugebueden, ënner anerem Ernärungsberodung, Ergo- a Physiotherapie oder psychologesch Ënnerstëtzung.

Och an der leschter Liewensphas bitt déi palliativ Fleeg doheem eng fachlech an empathesch Begleedung. D’Dagesstrukturen bidden de Leit ab 65 Joer en ofwiesslungsräichen an strukturéierten Alldag, fërderen de soziale Kontakt a bidden ugepasst Aktivitéiten an Therapien un.

Donieft ass och eng individuell Hëllef am Alldag méiglech, zum Beispill bei den Hausaarbechten, beim Akafen oder beim Wäschen.

Wie Ënnerstëtzung brauch oder méi iwwer déi verschidden Offere gewuer wëll ginn, ka sech direkt un Hëllef Doheem oder un déi zoustänneg Hëllefs- a Fleegezentre wenden.

Hëllef Doheem, dat ass:

  • Dat gréisst Netzwierk fir Hëllefs- a Fleegedéngschter zu Lëtzebuerg
  • Eng ëmfaassend Offer u Betreiung a Fleeg
  • E Service 7 Deeg an der Woch
  • Hëllef an Assistenz fir jiddereen – uechter ganz Lëtzebuerg
  • E Garant fir Kompetenz a Qualitéit
  • 98 % Zefriddenheet bei de Clienten (TNS-Ilres)