Ab dem 1. Oktober 2026 fiert de Réimi.
De Réimi ass e gratis elektresche Ruffbus.
Hie bréngt Iech flexibel a bequeem op verschidde Plazen an der Regioun.
De Service ass fir all Réimecher Biergerinnen a Bierger geduecht.
Wéi funktionéiert de Réimi?
Dir wëllt mam Réimi fueren?
- Rufft eis un: 23 66 83 41 71
- Reservéiert Ären Trajet. Sot eis, wouhin Dir fuere wëllt a wéini.
- De Réimi kënnt Iech sichen. Dir klammt eran a fuert bequeem a sécher op Är Destinatioun.
Eng Reservatioun muss spéitstens 1 Stonn virun der gewënschter Rees gemaach ginn. D’Rees ass nëmme méiglech, wann de Service disponibel ass.
Wou fiert de Réimi?
De Réimi fiert an:
- Stad Réimech
- Gemeng Bous-Waldbriedemes: Assel, Bous, Ierpeldeng, Erseng, Reid, Rolleng, Trënteng a Waldbriedemes
- Gemeng Munneref: Altwis, Elleng a Munneref
- Gemeng Schengen: Bech-Klengmaacher, Biermereng, Elweng, Éimereng, Riemeschen, Schengen, Schwéidsbeng, Welleschten a Wëntreng
- Gemeng Stadbriedemes: Greiweldeng, Stadbriedemes an Hëttermillen
- Gemeinde Perl an Däitschland
Wéini fiert de Réimi?
De Réimi fiert:
Méindes bis Samschdes vun 08:00 bis 18:00 Auer
De Service fiert net op Feierdeeg.
De Callcenter ass Méindes bis Samschdes vun 08:00 bis 18:00 Auer erreechbar.
Reservatiounen:
23 66 83 41 71
De Réimi ass fir jiddereen
De Réimi ass en elektresche Minibus.
Persoune mat reduzéierter Mobilitéit kënnen de Service benotzen. Och eng Poussette kann transportéiert ginn.
Wann Dir dëse Service braucht, sot eis dat w.e.g. bei der Reservatioun.
Kanner
Kanner ënner 12 Joer mussen am Ruffbus begleet ginn.
Kanner ab 12 Joer kënnen de Réimi eleng benotzen. Dëst geschitt ënner der Verantwortung vun den Elteren oder de gesetzleche Vertrieder.
Wichteg:
Schüler aus der Grondschoul kënnen de Réimi net benotzen, fir an d’Schoul oder an eng Betreiungsstruktur ze fueren.
De Service ass gratis
D’Benotzung vum Réimi ass gratis.