Interesséiert Dir Iech fir Elektroautoen?
Dir wëllt vergläichen, testen, verstoen – oder einfach mat Ärer Famill e schéinen Dag ronderëm d’Elektromobilitéit verbréngen?
Da sidd Dir beim GO electric day genee richteg!

De Sonnden, 19. Oktober 2025, an der Coque (Kierchbierg) erwaart Iech en eenzegaartegen nationalen Event, organiséiert vu Klima-Agence an dem ACL:
- Alles iwwert Elektromobilitéit: Méi wéi 35 elektresch Autoen entdecken, an dovunner méi wéi 25 direkt op der Plaz testen a vergläichen
- Informatiounen iwwer Luedstatiounen (Eefamilljenhaus oder Residence) kréien a sech zu Finanzéierung a Leasing berode loossen
- Spaass fir d’ganz Famill: Aktivitéiten, Animatiounen a Workshops fir Grouss a Kleng esouwéi e grousse Concours mat flotte Präisser
📅 19. Oktober 2025, 10–18 Auer
📍 Coque, Kierchbierg – Fräien Entrée
Gratis umellen a Plaz am Concours sécheren: goelectric.lu