Méi net am Mee

Publié: 01.05.2026
01
De Mee huet elo just ugefaangen, an d’Méimaschinn bleift – beschtefalls – stoen.
Schonn fir déi 4. Kéier rifft de SIAS zesumme mat senge Partner zur Campagne „Méi net am Mee“ op.
D’Iddi ass denkbar einfach: Méi manner am Mee a looss d’Blummen an d’Bléi kommen.
Dat bedeit méi Liewensraum, méi Fudder fir eis Päiperleken, Beien, Bommelen a co.
D’Bestëbser brauche méi wéi jee eis Ënnerstëtzung, an och mir sinn op d’Bestëbsung ugewisen.
Bestellt iech gäre bei engem vun de Partner vun der Aktioun ee gratis Sticker fir op är Bréifkëscht a maacht mat beim Gewënnspill: schéckt dofir eng Foto vun ärem Gaart op moien@sias.lu oder deelt d’Foto op de soziale Medien mam Hashtag #BlummefirBestëbser
Back