22. & 24. Juni 2026 | Hëtztwell – Nomëttes keng Schoul

Publié: 21.06.2026

Léif Elteren,

Opgrond vun den héijen Temperaturen déi fir déi nächst Deeg ugekënnegt sinn, wëlle mir Iech matdeelen, datt de Schoulunterricht zu Réimech méindes, den 22. Juni nomëttes, a mëttwochs, de 24. Juni nomëttes, ausfält.

Wärend dëser Zäit gëtt eng Betreiung an der Schoul vum Léierpersonal assuréiert.

Mir bieden Iech, dem Enseignant vun Ärem Kand matzedeelen, ob Äert Kand nomëttes heem geet oder an der Schoul bleift.

D’Maison Relais fonctionéiert wéi gewinnt. Denkt w.e.g dru wéi gewéinlech Äert Kand ofzemellen, wann et deen Dag net an d’Maison Relais kënnt.

Back