Ofschafung vun de “Ecobacs” vum 1. Januar 2027

Publié: 03.09.2026

D’Biergerinnen a Bierger ginn informéiert, datt de Syndikat SIGRE decidéiert huet, d’ “Ecobacen” aus sengem System vun den Offallbehälter ab dem 1. Januar 2027 ofzeschafen. Dofir mussen d’”Ecobacen” duerch eng Dreckskëscht ersat ginn.

Wat musst Dir maachen?

Stéit, déi aktuell en “Ecobac” hunn, si gebieden, sech am Populatiounsbüro ze mellen, fir se gratis géint eng Dreckskëscht vun hirer Wiel auszetauschen (45, 120 oder 240 Liter).

Wat maache mat Ärem alen “Ecobac”?

Dir hutt zwou Méiglechkeeten:

  • Dir kënnt Ären alen “Écobac” behalen (gëtt ab dem 1. Januar net méi eidel gemaach), oder
  • Dir kënnt eis en zeréckginn: an dësem Fall stellt se w.e.g. virun Äert Haus. E gëtt vun eis ofgeholl, wann Är nei Dreckskëscht geliwwert gëtt.

Fir den Emtausch ze maachen

Mir bieden Iech, mam Populatiounsbüro Kontakt opzehuelen:

  • Per Telefon: 23 69 22 – 11 / -17
  • Per E-Mail: population@remich.lu
  • An der Gemeng: wärend den Ëffnungszäiten
Back