Syndicat d’Initiative et du Tourisme Remich

Publié: 04.01.2018

De Syndicat ass zoustänneg fir eng Rei touristesch Aktivitéiten, déi d’ganz Joer iwwer zu Réimech organiséiert ginn.

Seng Haaptroll ass d’Stad ze promouvéieren, d’Touristeninfo ze leeden a Visiteuren unzezéien.

Wärend der touristescher Saison organiséiert de Syndicat vill Evenementer, déi zënter e puer Joer zu Réimech net méi ewechzedenke sinn, wéi zum Beispill:

  • Ouschtereeërjuegd
  • Fête de la Musique
  • ‘Bacchusfescht’ de 15. August
  • De Kleesche kënnt mam Schëff

Zousätzlech bedreift de Syndicat eng vun de wichtegsten Attraktioune vu Réimech: de Minigolf- a Minicars-Parcours, deen nëmmen e puer Meter vun der Esplanade ewech läit.

Back