D’Associatioun huet zum Zil, d’Bezéiungen tëscht de Bewunner vun deenen zwee Stied, déi de Partnerschaftsofkommes ënnerschriwwen hunn, an de Beräicher Bildung, Sport, Kultur, Soziales, Wirtschaft, Landwirtschaft, Verwaltung asw. ze fërderen. Méi allgemeng huet d’Associatioun och zum Zil, d’ëffentlech Bewosstsi fir europäesch Themen ze stäerken an Informatiounen iwwer d’Europäesch Integratioun ze verbreeden. Zu dësem Zweck kann si all Zort Evenementer (Austausch, Treffen) organiséieren, déi hëllefen, hir Ziler z’erreechen.