Chantier Rue de la Cité | Transfert Busarrêt a Sens unique Rue de la Corniche

Wéinst dem Chantier an der Rue de la Cité gëtt de Busarrêt Rue Belvedère vum 19.02-19.04.2024 op d’Héicht vum Haus n°13, Rue de la Cité verluecht.
Dëst gëllt fir d’RGTR-Linnen, de Schoulbus an d’Navette.

Zousätzlech gëllt an der Rue de la Corniche e Sens unique vun der Rue de la Cité aus a Richtung Kräizung Rue des Bateliers vum 19.02-22.03.2024.

Merci fir Äert Verständnis.

Aktioun Wëllstauden 2024 | SIAS

Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft eis Gemeng dorun, fir de Bestëbserinsekten erëm méi Pollen- a Nektarquellen ze bidden.

Aus deem Grond huet de Schäfferot decidéiert, fir d’Bierger bei der ekologescher Gestaltung vun hire Gäert a Balkonen ze ënnerstëtzen. Dofir maache mir och dëst Joer erëm zesummen mam SIAS eng Aktioun, mat där Dir äre Gaart ästhetesch an ekologesch opwäerte kënnt an de Bestëbser-Insekten eng wichteg Nahrungsquell bitt.

Mir offréieren dofir all Haushalt aus der Stad Réimech e Pak mat 6 Wëllstaude fir ronderëm d’Haus ze planzen. Fir mat ze maache musst Dir de Formulaire bis spéitstens den 28. Februar 2024 an der Gemeng areechen.

D’Staude si gratis a mussen op en Terrain geplanzt ginn, deen Iech gehéiert. Am beschte planzt Dir d’Stauden op eng sonneg Plaz ronderëm Äert Haus (bei der Liwwerung kritt Dir och eng Uleedung mat Informatiounen zu deene verschiddene Stauden). Dir musst eng Fläch vun engem Quadratmeter fir déi 6 Staude virgesinn.

D’Staude ginn am Fréijoer 2024 un déi interesséiert Bierger verdeelt.

Fir weider Froen:

Tom Dall’Armellina (Biologesch Statioun SIAS)
T. (+352) 34 94 10 – 32
E. t.dallarmellina@sias.lu

Méi Infoen zu verschiddene Stauden an hirem Notzen an der Natur fannt Dir op www.sias.lu.

Gemengeservicer zou | 17.01.2024

‼️🌨❄️💦
 
Wéinst den offizielle Wiederwarnungen a Recommandatioune falen haut (17.01.2024) follgend Servicer aus:
  • all d’Servicer vun der Gemengeverwaltung bleiwen zou
  • d’Schoulen a Maison Relaise bleiwen och zou a bidde just en Accueil un
  • kee Schoultransport
  • d’Réimecher Navette fiert haut net
  • d’Äispiste ass zou.
Bei enger Urgence (Waasserfuite, Stierffall,…) kënnt Dir den Urgencentelefon vum techneschen Déngscht uruffen: 📞 (+352) 621 154 691.
Merci fir Ärt Verständnis.
 

Äispiste | Nei Ëffnungszäiten

📌NEI ËFFNUNGSZÄITEN ab dem 15.01.2024
 
15.01.2024-29.02.2023
So – Do 14:00 – 18:00
Fr – Sa: 14:00 – 20:00

De Buet – Januar-Februar 2024 ass online

De Buet Januar-Februar 2024 ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.