Den nächste Gemengerot ass den 28. Februar 2025 am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Är Kreativitéit ass gefrot fir e Miniprojet fir LEADER Miselerland
Dir hutt eng Iddi fir e Miniprojet am Miselerland ?
LEADER Miselerland fërdert Är innovativ Iddi an de Beräicher Kultur & Jugend!
- Wat gëtt ënnerstëtzt?
LEADER Miselerland fërdert innovativ Aktivitéiten a nei Offeren an de Beräicher Jugend & Kultur ënnert der Viraussetzung, dass d’Iddi vun der lokaler Bevëlkerung, klenge Veräiner oder benenvollen Initiativen aus dem Miselerland kënnt.
Beräich „Kultur“: hei si Miniprojeten ronderëm déi kulturell Offer a Kulturgeschicht méiglech, vu Kënschtler, iwwer d’Kulturlandschaft, Brauch a Kulturierwen, vun der regionaler Identitéit bis iwwer de Kulturtourismus….
Beräich „Jugend“: hei si Miniprojeten betreffend Jugendaarbecht, Bedeelegungsformater fir Jugendlecher, Eventer fir jonk Erwuessener…. méiglech. - U wie riicht sech dësen Opruff?
LEADER Miselerland viséiert besonnesch kleng Projete mat klenger Finanzéierung, déi awer innovativ sinn a vu lokalen oder regionalen Acteuren a Veräiner am Benevolat oder mat gemengnëtzegem Charakter an d’Liewe geruff ginn. - Bäihëllefen
An dësem Opruff si finanziell Bäihëllefe vu méi wéi 24.687 € zur Verfügung. Zouschëss vun 1.000 € bis maximal 4.000 € pro Miniprojet si méiglech, sou dass mindestens 6 Miniprojeten kënnen ënnerstëtzt ginn. - Délai
Schéckt Äre Projet bis spéitstens de 5. Abrëll 2025 per E-mail oder Post bei LEADER Miselerland: miselerland@leader.lu ¦ B.P.57, L-6793 Grevenmacher. - Weider Informatiounen
Méi Informatioune fannt Dir op www.leader.lu. Dir kënnt Iech och direkt un d’Mataarbechter vum LEADER Miselerland wenden: Sammy BEICHT / Thomas WALLRICH | 23 Route de Trèves, L-6793 Grevenmacher | T. 75 01 39 | E. miselerland@leader.lu
Wéi eng Iddi schlussendlech ënnerstëtzt gëtt entscheedt déi lokal Aktiounsgrupp Miselerland an hirer Sëtzung vum 28. Abrëll 2025.
31.01.2025 | Gemengerotssitzung
Den nächste Gemengerot ass den 31. Januar 2025 am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Route barrée Rue Dauvelt & Rue St Nicolas

De Buet Januar-Februar 2025 ass online!
De Buet Januar-Februar ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Gemengeverwaltung zou | 31.12.2024 & 01.01.2025
Gemengeverwaltung zou | 24.12-26.12.2024
Nightlifebus | Fuerplang Silvester 2024
18.12.2024 | Gemengerotssitzung
Den nächste Gemengerot ass den 18. Dezember 2024 am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
11.12.2024 | Gemengerotssitzung
Den nächste Gemengerot ass den 11. Dezember 2024 am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
