Den nächste Gemengerot ass den 23. Abrëll 2025 am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Verstäerkung fir eis Service-Ekipp gesicht !
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch?
- Dir sidd flexibel?
-
Dir sidd gär a Kontakt mat anere Leit?
-
Dir sidd zouverlässeg, dynamesch, pünktlech a schafft gären an der Ekipp?
-
Dir hutt Virkenntnesser am Service?
- keng fest Aarbechtsplaz oder Aarbechtsvertrag
-
Bezuelung jee Stonn nom Gemengereglement
Route barrée “Avenue Lamort-Velter”
Amphibienwanderung | Info
Chantier Route de Luxembourg | Traffic & Accès 11.04.2025
Route de Luxembourg – Erneierung vum Stroossebelag
Ponts & Chaussées hunn ons matgedeelt, dass d’Route de Luxembourg wéinst der Erneierung vum Stroossebelag den 11. Abrëll 2025 tëscht 09:00 a 17:00 Auer ab dem Haus n°03 bis d’Kräizung Route de l’Europe (N2) fir de Verkéier gespaart ass.
En plus
- ass et op deenen 2 Säite vun der Route de Luxembourg verbueden ze parken den 11. Abrëll 2025 ab 06:00 Auer a bis zum Schluss vun den Aarbechten.
- ass weder d’Zoufaart zu de Garagen nach d’Ausfaart aus de Garagë méiglech.
- ginn d’Busarrête fir d’Dauer vun den Aarbechten net ugefuer (ëffentlechen Transport & Navette vun der Stad Réimech).
D’Awunner si gebieden déi néideg Moossnamen ze huelen an och hir Livreuren ze informéieren.
Bauhär
Administration des Ponts et Chaussées
T. (+352) 2846 2200
E. srrm@pch.etat.lu
Merci fir Ärt Verständnis.
28.02.2025 | Gemengerotssëtzung
Den nächste Gemengerot ass den 28. Mäerz 2025 am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Cavalcade 30.03.2025 | Verkéiersinformatiounen & Ännerungen beim ëffentlechen Transport
Verkéier
Sonndes, den 30. Mäerz 2025 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.
Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.
Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.
Ëmleedungen si gezeechent.
Ännerungen am ëffentlechen Transport
Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 a 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.
Weider Informatioune fannt Dir am Avis vum RGTR.
Programm vum ganze Weekend
Biergerowend | 21.03.2025
De Schäfferot invitéiert seng Bierger op Biergerowend e Freideg, den 21.03.2025 um 19:00 am groussen Zelt um Parking bei der Piscine.
Bei engem Patt kritt Dir lafend a künfteg Projeten virgestallt, gitt méi iwwer ons Eventer gewuer a kritt an Abléck an d’Zesummeliewen an der Gemeng.
Musikalesch Animatioun ass garantéiert (DJ Hofmeister), an fir Iessen a Gedrénks suergt den Organisatiounscomité vun der Cavalcade.
Mir freeën eis Iech deen Owend ze begréissen.
leneda.lu | Nei national Energieplattform
Creos informéiert iwwer déi nei Energiedatenplattform leneda.lu. Dës Plattform soll d’Verwaltung vun den Donnéeën vum Energiesektor vereinfachen a méi sécher maachen. Zousätzlech bitt lenada.lu den Zougang zu de Verbrauchs- a Produktionsdonnéeën.
Vun Abrëll 2025 un muss Dir eng Energie ID hun fir all Transaktiounen wéi z.B. Plënneren (privat oder fir Äre Commerce), Ufroen oder Ännerungen vum Stroumuschloss.
Croix-Rouge Buttek | Keng Spende virun der Dir ofstellen
