Är Kreativitéit ass gefrot fir e Miniprojet fir LEADER Miselerland

Dir hutt eng Iddi fir e Miniprojet am Miselerland ?

LEADER Miselerland fërdert Är innovativ Iddi an de Beräicher Kultur & Jugend!

  1. Wat gëtt ënnerstëtzt?
    LEADER Miselerland fërdert innovativ Aktivitéiten a nei Offeren an de Beräicher Jugend & Kultur ënnert der Viraussetzung, dass d’Iddi vun der lokaler Bevëlkerung, klenge Veräiner oder benenvollen Initiativen aus dem Miselerland kënnt.
    Beräich „Kultur“: hei si Miniprojeten ronderëm déi kulturell Offer a Kulturgeschicht méiglech, vu Kënschtler, iwwer d’Kulturlandschaft, Brauch a Kulturierwen, vun der regionaler Identitéit bis iwwer de Kulturtourismus….
    Beräich „Jugend“: hei si Miniprojeten betreffend Jugendaarbecht, Bedeelegungsformater fir Jugendlecher, Eventer fir jonk Erwuessener…. méiglech.
  2. U wie riicht sech dësen Opruff?
    LEADER Miselerland viséiert besonnesch kleng Projete mat klenger Finanzéierung, déi awer innovativ sinn a vu lokalen oder regionalen Acteuren a Veräiner am Benevolat oder mat gemengnëtzegem Charakter an d’Liewe geruff ginn.
  3. Bäihëllefen
    An dësem Opruff si finanziell Bäihëllefe vu méi wéi 24.687 € zur Verfügung. Zouschëss vun 1.000 € bis maximal 4.000 € pro Miniprojet si méiglech, sou dass mindestens 6 Miniprojeten kënnen ënnerstëtzt ginn.
  4. Délai
    Schéckt Äre Projet bis spéitstens de 5. Abrëll 2025 per E-mail oder Post bei LEADER Miselerland: miselerland@leader.lu ¦ B.P.57, L-6793 Grevenmacher.
  5. Weider Informatiounen
    Méi Informatioune fannt Dir op www.leader.lu. Dir kënnt Iech och direkt un d’Mataarbechter vum LEADER Miselerland wenden: Sammy BEICHT / Thomas WALLRICH | 23 Route de Trèves, L-6793 Grevenmacher | T. 75 01 39 | E. miselerland@leader.lu

Wéi eng Iddi schlussendlech ënnerstëtzt gëtt entscheedt déi lokal Aktiounsgrupp Miselerland an hirer Sëtzung vum 28. Abrëll 2025.

 

Route barrée Rue Dauvelt & Rue St Nicolas

🚧🚧 Route barrée Rue Dauvelt & Rue St. Nicolas
 
🟠 Vum 13.01.2025 bis de 24.01.2025 ass d’Rue Wenkel tëscht den Haiser 2-4 gespaart | Demandeur: Firma Kuhn > Aarbechten um Haus no. 4 Rue Dauvelt
 
🟢 Vum 13.01.2025 bis de n 31.01.2025 ass d’Rue St Nicolas tëscht den Haiser 27-31 gespaart. | Demandeur: XLG Luxembourg sàrl > Aarbechten um Haus no. 29 Rue St Nicolas

De Buet Januar-Februar 2025 ass online!

De Buet Januar-Februar ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.

D’Police informéiert | Aktuell Serie vun Abréch

Wichteg Informatioune vun der Police am Kader vun Abréch

An deene leeschten Deeg ass et virun allem wärend den Owesstonnen zu enger Rei Abréch komm. D’Police geet dovun aus, dass et sech ëm méi Täter handelt, déi och weiderhi wäerten Abréch begoen.

Sollten Iech an deem Zesummenhang verdächteg Persounen oder Autoen opfalen, da mellt dës w.e.g. direkt ënner der Noutruffnummer 113 vun der Police.

Weider Rotschléi:

  • Späert all Dieren a Fënsteren, och bei de Garagen a Kelleren, wann der netdoheem sidd.
  • Aktivéiert är Alarmanlag, och wann der nëmme kuerz fort sidd.
  • Maacht owes d’Luuchten am Haus un.

Weider Informatioune fir sech géint Abréch ze schütze fannt Dir ënner police.lu/prevention.