Maacht mat beim Nopeschfest!
E gemittlechen Owend mat Äre Noperen !
Maacht mat beim Nopeschfest!
E gemittlechen Owend mat Äre Noperen !
Wine, Taste, Enjoy – De Päischtweekend ass de Weekend vun den oppene Kellereien op der ganzer Musel.
Op Péngschte lueden d’Wënzer, d’Kellereien an d’Brennereien op den allsäits beléiften “Wine Taste, Enjoy” an hire Kelleren, Gäert an Terrassen an. Net nëmmen Degustatioune vun de beschte Miseler Wäiner a Cremanten an Drëppen, mä och geféiert Visiten, Musek, Konschtausstellungen, Liesungen a kulinaresch Spezialitéite gehéieren zum traditionelle Wine Taste Enjoy dobäi. De Wine Taste Enjoy ass dat perfekt Event fir e flotten Dag mat Kollegen op der Musel ze verbréngen an esou d’Regioun besser kennen ze léieren.
Kommt op „Poterowend“, e gesellegen Owend fir Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, verdéift är Lëtzebuergesch Kenntnisser a léiert nei Leit kennen.
Haut um Programm: Petanque spillen a grillen – jideree bréngt säi Gedrénks a Gegrills mat.
Umeldung obligatoresch bis den 27.05.2026: integration@remich.lu
Ëmmer den 1. Mëttwoch vum Mount ausser am November | August a September > kee Poterowend
Dëst Joer mécht Réimech bei der Nuit du Sport mat!
An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schengen fënnt d’Nuit du Sport vun deenen 2 Gemengen dëst Joer bei der Schwämm zu Réimech statt.
Weider Informatioune komme no.
Den Draachebootfestival ass vum Chineesesche Kulturzenter an Euro-Asie organiséiert, mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Réimech.
Lokal Veräiner, Universitéiten an aner Organisatiounen aus Lëtzebuerg maache mat. Donieft kënnt dir déi chineesesch Kultur bei traditioneller Volleksmusek, Dänz, Kung-Fu an Tai-Chi Virféierungen, grad wéi och traditionelle chinesche Platen besser kenne léieren.
Gratis Entrée.
Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.
Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.
Alles ronderëm d’Spill fir déi ganz Famill mat flotten Aktivitéiten fir Kleng a Grouss
D’Aktioun Weltspilldag gëtt zanter ville Jore vun der Erzéiungs- a Familljeberodung vun AFP-Solidarité-Famille, zesumme mat hire Partner, organiséier mam Zil iwwert d’Bedeitung vum zesume Spillen an der Famill opmierksam ze maachen an esou e flotten Austausch an d’Kommunikatioun tëscht de Familljememberen ze ënnerstëtzen.
Hei kritt Dir Ureegungen an Iddien fir an der Famill nei Spiller ze probéieren oder aler nei ze entdecken!
Gitt mat op eng kulinaresch Weltrees um Street Food Festival zu Réimech vum 20. bis de 23. Juni 2025 op der Esplanade direkt un der Musel!
Egal ob Food Truck, Kichechef oder passionnéierten Hobby-Kach – bei engem Street Food Festival komme verschidde Kulturen, Generatiounen a sozial Schichten op enger Plaz zesummen a bidden Iessen aus der ganzer Welt un.
Ëffnungszäiten
Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.
Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.
De Schäfferot vun der Stad Réimech invitéiert all seng Bierger, Veräiner, Geschäftsleit a Verwaltungen fir un de Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag deelzehuelen an d’Fändelen opzehänken.
Programm
Empfang und Einwohnermeldeamt
Montag – Donnerstag:
08:00-12:00 und 13:00-16:00
Freitag:
07:00-13:00
Jeden ersten Mittwoch im Monat :
08:00-12:00 und 13:00-19:00
Kommunale Kasse, Marketing- und Tourismusabteilung, Personalbüro, Sekretariat und technischer Dienst
Montag – Donnerstag:
08:00-12:00 (bevorzugt mit Termin)
Nachmittags nur mit Termin
Freitag:
08:00-12:00 (nur mit Termin)
6, rue Enz
L-5532 Remich
Postfach:
B.P. 9
L-5501 Remich
Durch Anklicken der gewünschten Kategorien werden diese auf der Karte angezeigt.
Entrez un mot-clé pour lancer et faciliter votre recherche ou utilisez notre outil de recherche rapide.