2020_04 De Buet (juillet-août)
2018_06 De Buet (novembre-décembre)
Abfall-Leitfaden
Guide des déchets
Offallgestioun
Recycling
Zanter Januar 2017 bitt d’Stad Réimech separat Kollekte fir recycléierbaren Offall un.
Zousätzlech kënnen d’Réimecher Awunner, déi am Besëtz vun enger entspriechender Kaart sinn, vum Recyclingszenter zu Bech-Klengmaacher profitéieren.
De SIGRE bitt och sëllege Servicer am Beräich vun der Offallentsuergung an -weiderverwäertung un. Hei kënnt Dir och Äre Kompost kafen.
D’SuperDrecksKëscht® këmmer sech ëm Spezialoffall wéi z.B. Ueleg, Fetter, asw.
Méi Informatioune fannt Dir an onsen Offallguide.
Aféierung vun engem Identifikatiouns-Systen fir Poubellen
Fir eng genau Erfaassung vum Offall an eiser Gemeng a vun all Haushalt ze maachen, goufen déi gro Poubellen a Containere gechipped. D’Offalltaxe bleiwen esou laang onverännert bis de Gemengerot nei Dispositioune gestëmmt huet.
D’Poubelle kréien eemoleg en Chip an eng Etikett mat engem Code Bar drop, dofir awer keng Etikette méi mam Joer drop.
Duerch den Chip kann d’Frequenz an d’Quantitéit vum Offall vun all Poubelle erfaasst gin a spéider och d’Taxen dorop baséiert ginn. All Bierger kann esou d’Taxe vu sengem Offall beaflossen. Mam Chip gi keng perséinlech Donnéeën enregistréiert.
Wann Är Poubelle nach keen Chip a keng Etikett mat engem Code Bar huet, mellt Iech weg an der Gemeng fir e Rendezvous auszemaachen: (+352) 621 243 902. No dem 4. Juli 2023 ginn d’Poubellen ouni Chip net méi eidel gemaach.
Recyclingcenter
De Recyclingcenter “Am Haff” vun der Firma Hein ka just vun Awunner aus der Stad Réimech déi eng Zougangskoart hu genotzt ginn.
Informatiounen iwwert d’Koart an hir Notzung:
- D’Koart kascht 10 € a se gëtt an der Gemeng ausgestallt.
- Et ka just 1 Koart pro Haushalt ausgestallt ginn.
- Bei Verloscht oder Beschiedegung kann eng nei Koart fir de Präis vu 25 € ausgestallt ginn. Déi al Koart gëtt dann automatesch gespaart.
- Beim Plënneren ausserhalb vun der Gemeng gëtt d’Koart automatesch gespaart.
- D’Notze vun der Koart ass de Persounen aus dem selwechten Haushalt virbehalen. Bei Abus gëtt d’Koart fir 1 Joer gespaart.
D’Hausuerdnung vun der Firma Hein muss zu all Moment befollegt ginn.
NEI am RECYCLINGCENTER – de Projet Social ReUse!
Gitt Ären elektreschen an elektroneschen Apparater en 2. Liewe mam Projet Social ReUse.
Weider Informatioune fannt Dir um Flyer.
SIGRE
Haushalter, Firmen, Veräiner an aner privat oder ëffentlech Offallproduzente kënnen hiren Offall an der SIGRE-Sammelstatioun ofginn. Hei gëllen d’Virschrëften an Uweisunge vum SIGRE. Deponéiere vu verschiddenen Offallkategorien ass mat Käschte verbonnen.
D’Offallberoder vum SIGRE stinn Iech bei Bedarf mat Rotschléi zur Verfügung.
Méi Informatioune fannt Dir op sigre.lu.
SuperDrecksKëscht®
Les déchets problématiques des ménages privés peuvent être déposés dans les points de collecte fixes ou mobiles de la SuperDrecksKëscht® dans la commune (service center parking piscine, collecte porte-à-porte sur demande), au centre de recyclage Hein ou à la décharge “Muertendall” du SIGRE.
Le service collecte porte-à-porte se fait uniquement sur demande 48 heures avant la date de collecte par téléphone au numéro 48 82 16 – 1.
Vous trouvez les dates des collectes/service center dans le calendrier des déchets de la Ville de Remich.Les déchets problématiques des ménages privés peuvent être déposés dans les points de collecte fixes ou mobiles de la SuperDrecksKëscht® dans la commune (service center parking piscine, collecte porte-à-porte sur demande), au centre de recyclage Hein ou à la décharge “Muertendall” du SIGRE.
Le service collecte porte-à-porte se fait uniquement sur demande 48 heures avant la date de collecte par téléphone au numéro 48 82 16 – 1.
Vous trouvez les dates des collectes/service center dans le calendrier des déchets de la Ville de Remich.