Réimech a Schengen investéiere weider an den Ëmweltschutz

Verëffentlecht:28.06.2023

Réimech a Schengen investéiere weider an d’Kanalisatioun fir d’Waasserqualitéit vun der Musel ze verbesseren.

Iwwerdeems d‘Uschlëss un d‘Ofwaasseranlagen zu Schengen bal ofgeschloss sinn, sinn d’ënnerierdesch Aarbechten am Buschland zu Réimech amgaangen. Hei entsteet een ënnerierdesche Späicherbasseng fir Ofwaasser, wat dono weider an d’Kläranlag Pärel-Bech (D) weidergeleet gëtt. D’Stad Réimech wäert an Zesummenaarbecht an a finanzieller Solidaritéit mat der Gemeng Schengen an dem staatleche Waasserfonds déi nächst Joren intensiv an hir Kanalisatioun investéieren. Esou si weider Kanalisatiounsaarbechten, Späicherbassenger an een zentralt Pompelwierk virgesinn.

 

Zréck